Upëff Evenementer

new OWEND ONLINE ATELIER!

March 2023 GUA SHA IS GOOD FOR YOU

Back by popular demand. Sweeping the Gua Sha tool over the face & body not only helps to achieve a natural facelift and more healthy-looking skin, but also has many health benefits. We will combine this technique with facial exercises to rejuvenate, reset, and help us feel good from the inside out.

  •  In Person Workshop, Club Haus Am Brill Capellen - 29/03/2023 11:00 - 12:30
  •  Online Zoom Workshop - 20/03/2022 18:00 - 19:30

April 2023 THE SMILE LIFTER

Smiles are unique. Learn which muscles you are using and how to train them to get the smile you want. We will lift the corners of the mouth, cheeks and jawline, and even bring more fullness and color to the lips.

  •  In Person Workshop, Club Haus Am Brill Capellen - 29/04/2023 11:00 - 12:30
  •  Online Zoom Workshop - 01/05/2023 19:00 - 20:30

May 2023 DETOX THE FACE

Spring is a great moment to refresh and reset our system. Our faces and skin are no exception. This full Face Yoga routine wakes up the face, boosts circulation, and helps cleanse from the inside out.

  •  In Person Workshop, Club Haus Am Brill Capellen - 13/05/2023 11:00 - 12:30
  •  Online Zoom Workshop - 15/05/2023 19:00 - 20:30

You can sign up for any of them as of now !
Directly with The Club Haus Am Brill : +352 30 00 01
Directly with me : Contact me

Price: 25€

Wat ass Face Yoga?

Dat éischt wat anerer un eis bemierken ass eist Gesiicht.

Gett et eng einfach an effizient Aart a Weis fir méi jonk a méi selbstsécher ze wierken? Jo, dat gëtt et. – FACE YOGA!

D’Muskelen an eisem Kierper musse schaffe fir a Form ze bleiwen an dat erméiglecht eis bei gudder Gesondheet ze bleiwe wat och dozou bäidréit dat mir eis méi jonk fillen an ausgesinn. An eisem Gesiicht, hunn mir och méi wéi 40 kleng an delikat Muskelen em déi mer eis leider wéineg suergen. Wisou schaffe mer net och un deenen?

Egal wéi jonk mir sinn oder eis nach fillen, mir ginn awer mat der Zäit méi al. D’Effekter vun der Schwéierkraaft a vum Stress, eist Ëmfeld, eis Laun an eis Gewunnechten droen all zu de Linnen, Falen, d'Inertie an der Asymmetrie un der Haut vum Gesiicht bei déi da weech gëtt an sech verfierft.

Face Yoga fusionéiert Gesiicht Mouvementer mat Kierper Positiounen an enger bewosster Ootmung fir géint déi Facteuren ze kämpfen. Mir kënnen am Fong den Alterungsprozess bremsen a souguer verschidde vu sengen Effekter korrigéieren. Dowéinst kann een och bei all Alter domadder ufänken an exzellent Resultater dorausser zéien. Et brauch een dofir weder Zäit nach Sue fir a Produkter, Traitementer oder soss Interventiounen ze verschwenden. Face Yoga ass 100% natierlech.

Andeems een nëmmen e puer Minutte pro Dag op opfert, ka Face Yoga:

All Deeler vum Gesiicht verstäerken, betounen a formen duerch: D’Hautfaarf verbesseren duerch: Spannung um Gesiicht verréngeren duerch: E Wuelgefill erbäiruffen duerch:
Wilkomen zu Face Yoga Luxembourg!

Braucht der méi Informatiounen? Facebook logo Kommt meng Facebook Säit besichen

Wéi funktionéiert Face Yoga?

Exemple de pose de Face Yoga

D’Muskelen

Mir hunn 43 (oder souguer 60 jee nodeems wéi een zielt) kléng, delikat a flaach Muskelen an eisem Gesiicht déi eis Gesiichtsausdréck kontrolléieren. Onbewossten a repetitive Gewunnechten hunn Konsequenzen um Gesiicht a favoriséieren d’Optriede vu Linnen a Fale wéi och Irregularitéiten an Asymmetrien. Face Yoga bréngt eis dozou eis schlecht Gewunnechten ze bemierken a weist eis wéi ee ka Muskel Beweegunge korrigéieren an an engems relaxéiere fir Gesiichtszich ze verréngeren a verhënneren, wéi och déi zwou Säite vum Gesiicht ze equilibréieren. Face Yoga hëlleft dozou eng staark Fondatioun déi der Haut bäisteet opzeriichten.

D’Haut

D’Haut ass dat gréissten Organ vun eisem Kierper. Se besteet aus 3 Schichten. Déi extern Schicht, den Epiderme, schützt déi aner Schichten. Déi mëttelst Schicht, d’Derme, besteet aus Collagen (e Protein dat der Hautstruktur bäisteet) an Elastine (Protein dat fir d’Elastizitéit vun der Haut zoustänneg ass). Déi ënneschte Schicht, d’Hypoderme, besteet haaptsächlech aus Fett. Eis Haut besäitegt den Dréck an aner toxesch Substanzen aus eisem Kierper an eis Hautfaarf reflektéiert eis allgemeng Gesondheet. Mam Alter, hellt déi Funktioun vun der Haut an der Zellerneierung of. Produktioun vu Collagen an Elastine hellt of wat och Konsequenzen op eiser Haut huet.

Face Yoga kann näischt un der Produktioun vu Collagen oder Elastine änneren, mee déi bestëmmte Gesiicht Beweegunge vum Face Yoga favoriséieren eng besser Bluttzirkulatioun. Sou kennt méi Oxygen an nutritiv Substanzen an eis Gesiicht an an den Hals Beräich. D’Resultat ass eng besser Zellerneierung, eng méi straff Haut an eng méi stralend Hautfaarf.

Exemple de session de Face Yoga

D’Ootmung

D’Ootmung spillt eng grouss Roll am Face Yoga. D’Ootmung verbessert eis Konzentratioun, eise Kierper a eist Gesiicht gi méi lacker an se léist Spannung an eisem Gesiicht op. Déif a bewosst Ootmung verbessert d’Bluttzirkulatioun am ganze Kierper an am Gesiicht fir eng besser Zirkulatioun vum Oxygen a vun nutritiv Substanzen. Eis Hautfaarf verbessert sech a mir fillen eis doduerch méi positiv an energesch.

D’Haltung

D’Haltung ass d’Positioun vum Kierper wann mir stinn, setzen oder leien. Ee gudden Alignement vum Kierper hëlleft mat der Ootmung an der Zirkulatioun an et entlaascht an engems d’Wierbelsail. Et hëlleft och fir méi positiv ze sinn. Eng korrekt Haltung favoriséiert och Gesiicht Symmetrie. D’Face Yoga Übunge weisen eis op eis Haltung an eis Gewunnechten hin an hëllefen eis eis Haltung ze korrigéiere fir sech méi selbstsécherer ze verhalen.

D’Astellung

Déi physesch Virdeeler vum Face Yoga si villfälteg : Muskele verstäerken, betounen, formen, eng besser Haut, eng besser Haltung, méi energesch a relax sinn, Stress reduzéierend, etc.... Mee dat grousst Ziel vum Face Yoga ass Selbstbewosstsinn. D’Übungen hëllefen eis eis ze konzentréieren, eis besser ze fillen a méi kloer ze denken. Déi Übungen erméiglechen eis positiv Ännerung a Kraaft ze setzen. Et ass eisen Engagement an eis Discipline déi eis erméiglecht déi gewollte Resultater ze erreechen. Méi bemierke mer d’Ännerungen a méi selbstsécher gi mer an allen Aspekter vun eisem Liewen, souguer an eiser Aussproch an an eisen Ausdréck.

Loosst Face Yoga iech hëllefen fir iech ze entfalen.

Let Face Yoga help you Bloom Into You

Wëll Dir méi doriwwer wëssen? Facebook logo Kommt meng Facebook Säit besichen

Iwwert mech

Kim

Moien. Ech si d'Kim vu Face Yoga Luxembourg.

Wéi kennt et dat sech e Meedchen aus Pittsburgh, PA, USA sech ze Lëtzebuerg verlaf huet an elo Face Yoga Course gëtt?

Als éischt, misst ech mol kloer stellen dat ech mat engem Fransous bestuet si mat dem ech duerch een Deel vu Frankräich a Spuenien gereest sinn a wou ech niewebäi Englesch Kure ginn hunn a mat Kanner vun der Montessori Schoul geschafft hu während ech mech ëm eise Jong, fënnef Katzen an zwee Hënn bekëmmert hunn.

Wou mer dann zu Lëtzebuerg ukomm sinn, wuer et Zäit dat ech mech mol entspanen a vu menger Fräizäit profitéiere fir eng néi Sprooch ze léieren, ze zeechnen, fir Fitness oder fir am Gaart ze schaffen. E schéint Liewen am Fong.... oder éischter gesot bal.

No e puer Joer, kuerz viru mengem 50ste Gebuertsdag, hunn ech mech entscheet dat et dat Joer wäert si wou ech eppes ganz Neies, verschidde vun dat wat ech bis elo gemaach hunn, ufänken. Fro war nëmmen : Wat?

Ech muss zouginn dat ech weder frou mat mengem Spigelbild nach mat meng Wuelgefill war oder mat der Iddi méi al ze ginn obwuel ech mech selwer nach jonk fillen.

Dunn huet, Chrëschtdag 2016, Fumiko Takatsu, Autorin, Perséinlechkeet aus dem japanesche Fernseh a Fondatrice vu “The Face Yoga Method” ® hir alleréischt Formatioun fir Face Yoga Coach proposéiert an ech hat eng Erliichtung.

Ech wousst de Moment: Ech wëll dat maachen.

Et wäert mer hëllef besser auszegesinn a mech besser ze spieren.

Et wäert mer erëm Selbstvertraue ginn.

Et entspriecht mengem Liewensstil.

Des Method ass einfach, abordabel an natierlech.

Ech wäert mech entfalen andeems ech mat anerer d’Experienz vum Face Yoga deelen.

Face Yoga huet mer erméiglecht meng 50 Joer ze akzeptéieren an huet mer gewisen dat mir eis bei all Alter fantastesch fille kënnen. Mir brauchen net perfekt ze sinn. An dat ass genau dat wat ech mat iech deele wëll. Ech wäert iech hëllefen déi Übungen erauszesichen déi iech am Beschten entspriechen a weise wéi der se ärem alldeegleche Stonneplang a Liewensstil kënnt upassen. Ech wäert iech Schrëtt fir Schrëtt begleeden. Ech wäert iech uféieren an applaudéiere fir är Reussitten.

Ech ka mech net genuch beim Fumiko bedanke fir hir Generositéit an hir Encouragementer, hir Oppenheet an dat Si hir Method mat eis gedeelt huet.

E formidabel Grupp vu Frae vun iwwerall op der Welt hu mech an dëser Rees begleet. Hir Froen, Kommentaren a Feedback waren onbezuelbar.

Ech wëll mech och bedanke bei mengem Mann fir seng bedéngungslos Ënnerstëtzung, Mee-Ran wat mäin gréisste Fan ass an den Alex ouni den et dëse Site net géif ginn.

Ech hoffen dir wäert mech begleeden op ärer eegener Face Yoga Rees. Ech freeë mech scho vun iech ze héieren an iech kennenzeléieren.

Photo d'un workshop Face Yoga

Servicer an Tarif

Face Yoga Luxembourg organiséiert och thematesch Workshops. Abonnéiert fir meng Newsletter a sieft um neiste Stand andeems dir menger Facebook Site nogitt.

D’Course sinn op Franséisch an Englesch méiglech, wéi et iech am beschte passt.

Bucht eng Sessioun Facebook logo Kommt meng Facebook Säit besichen Instagram logo Follegt mech op Instagram

Temoignage / Virun a Fotoen

Face Yoga testimonial photo

Ech si mäin eegene Temoignage. No nëmme 4 Méint Face Yoga Übungen, waren do scho Resultater do. No engem Joer, wuer et dann nach besser! Wou ech d’Fotoe verglach hunn, wousst ech schonn dat ech mech zeréckhale misst fir mech net nëmmen op déi negativ Aspekter ze konzentréieren. Ech mierken elo dat ech méi a Form a méi glécklech wierken. Meng kierperlech Ausdréck si méi oppen a méi selbstsécher, an ech spieren dat och. Perfekt? Ni. Mee ech sinn houfreg iwwert d'Resultater déi ech bis elo erreecht hunn. Wäert ech sou weider maachen? Bestëmmt!

Kim vu Face Yoga Luxembourg (50 Joer)



Face Yoga testimonial photo

Ech hunn am Ufank vum Joer vill u Gewiicht verluer an ech wollt meng Haut straffen a betounen, besonnesch ëm dem Hals an de Kënn. Ech bemierke scho Verbesserungen ëm dem Handelsberäich. Meng Backe sinn elo méi ronn a meng Aperhoer sinn elo op enger Héicht. Ech hunn och e puer Übunge fir Stressofbau geléiert déi ech elo all Dag maachen. Ech waarde gespaant op d’Resultater vun de kommend Méint.

Karen (50 Joer)



Face Yoga testimonial photo

D’Fotoe virdrun/duerno weisen och wéi Face Yoga d’Haltung verbessert.
“Mat deene Fotoe wollt ech weisen dat et méiglech ass mat bëssche guddem Wëllen dat ze ännere wat een wëll”

Karina, Face Yoga Coach aus Toronto (Kanada)



Face Yoga testimonial photo

D’Fotoe virdru waren de 25 Juli geknipst gi an d’Fotoe duerno de 27 August. Och wann déi meescht mech éischter froen op ech u Gewiicht verluer hunn oder op ech eppes u mengem Gesiicht gemaach hunn, Se soen all dat meng Haut elo besser a méi stralend ass.

Oznur



Face Yoga testimonial photo Privat Foto, net dëelen weg

Eng gutt Bluttzirkulatioun ass de Schlëssel fir mat de Face Yoga Übunge besser Resultater ze erreechen. Des thermal Bild wéist d’Wäermt déi sech an eisem Gesiicht verbreet no nëmmen 30 Sekonnen Übung.



Face Yoga testimonial photo Privat Foto, net dëelen weg

Ech hunn Yoga gemaach an ech war a sinn nach ëmmer bei gudder Gesondheet a fit, mee ech hat mäin Gesiicht komplett vernoléissegt. Ech si mer bewosst wéi Yoga zu den Ännerungen u mengem Kierper bäigedroen huet, dowéinst hunn ech net un de Benefice vu Face Yoga gezweiwelt. D’Resultater déi ech erreegt hunn mech awer méi positiv iwwerrascht wéi erwaart. Se sinn immens. Ech hunn sou vill Ännerungen a sou wéineg Zäit erlieft an et hält méi laang un wéi ech erwaart hunn.
Mäin Ëmfeld huet d’Ännerungen och direkt bemierkt. Vill hunn mer gesot dat mäin Gesiicht elo méi schmuel wier.
Ech sinn dënn, mee mäin Gesiicht wuer et net. Meng Hautfaarf huet sech och verbessert. Mäin Lächel ass elo méi natierlech. An souguer op der Aarbecht, fillen ech mech elo méi wuel a selbstsécher wann ech lächelen. Meng Aarbechtskollegen hunn mech och drop opmierksam gemaach.
Ech kann iech net soe wéi frou ech mam Face Yoga Programme si. Lo maachen ech déi Übungen zu all Moment wou ech nëmme kann.
Ech hunn elo keng Angscht méi al ze gi. Elo, waarden ech of d’Ännerung mam Alter ze gesinn.

Nagisa (37 Joer)



Face Yoga testimonial photo Privat Foto, net dëelen weg

Foto si mat enger Woch Decalage geknipst ginn.
“Ech si komplett verzaubert vun der Transformatioun déi ech mat erliewt hunn. Ech hunn och meng Ernärung verbessert a maachen déi recommandéierten Opwiermübungen an Ausdehnungen (souguer menger blockéierte Schëller geet et besser).

Rosalind



Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden facialista.se all d'Rechter reservéiert
Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden @faceyogaofJargal all d'Rechter reservéiert
Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden jogapiekna.com all d'Rechter reservéiert
Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden jogapiekna.com all d'Rechter reservéiert
Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden sueave.com all d'Rechter reservéiert
Face Yoga testimonial photo Foto ugebueden faceyogaluxembourg.com all d'Rechter reservéiert

Kontakt

Hu dir Froen?

Wëllt dir méi doriwer wëssen?

Erforscht wéi Face Yoga iech hëllefe kann an wéi dir et an ärem Liewe mat abaue kënnt.

Waardt net méi, zéckt net méi an kontaktéiert mech iwwert:

oder dir kënnt iech direkt iwwert meng Facebook Seit informéiren: Facebook logo Face Yoga Lëtzebuerg Facebook Säit

Bleiwt am Kontakt, bleiwt um laafenden iwwert déi verschidde thématesch Workshops wéi och anner Evenementer andems dir iech fir meng Newsletter abonnéiert!

Abonnéiert iech fir meng Newsletter

* ausfëlle weg
E-mail Format

Face Yoga Luxembourg Facebook Page Face Yoga Luxembourg Instagram Page Face Yoga Luxembourg YouTube Channel Contact by E-Mail